Ofschlossevent « 2030.lu – Ambition pour le future »

2030_cloture_02.jpg
  • Plaz : Fluchhafe Lëtzebuerg (Findel) (um 1. Stack, am Panorama Restaurant)
  • Datum : Dënschden 26. November 2013, 18h
  • Mam Auto: 2h gratis Parking (Parking A oder B, niveau -1 an -2)
  • Mam ëffentleche Transport: Bus 16 (Eurobus)  oder 9, fir d’Busplaeng klickt hei
  • Aschreiwung ass obligatoresch, 100 Plazen stin zur Verfügung
  • Uschléissend loosse mer den Owend mat engem Patt ausklengen

D’Equipe vun “2030.lu - Ambition pour le futur” invitéiert Iech häerzlech op d’Ofschlosseventvun der Initiativ, déi en Dënschden, de 26. November 2013 um 18 Auer am Fluchhafe Lëtzebuerg (Findel) (um 1. Stack, am Panorama-Restaurant) stattfënnt. D’Ofschlossevenement gëtt a Form vun enger ëffentlecher Pressekonferenz ofgehalen,wou et dorëms geet, dem Public d’Endresultater vun der  Initiative “2030.lu - Ambition pour le futur” ze presentéieren, déi d’Form vun engem Recueil d’idées (« 355 Idées pour l‘avenir du Luxembourg ») an engem Manifest anhuelen.

Fir méi Informatiounen, klickt op Norichten (op franséisch).