Iwwer eis

« 2030.lu - Ambition pour le futur » ass eng grouss ëffentlech Debatt, déi jidderengem opsteet, dee sech Gedanken iwwert d'Zukunft vu Lëtzebuerg mëcht.

Dës grouss ëffentlech Debatt soll interaktiv mat de Bierger, de Responsabele vun den Associatiounen, de Vertrieder aus der Zivilgesellschaft an de Vertrieder vun der Wiertschaft gefouert ginn. « 2030.lu - Ambition pour le futur » wëll also esou vill Leit wéi méiglech encouragéieren, hier Meenung iwwer di grouss Erausfuerderunge vun eisem Land ze äusseren. Fraen a Männer, Jonker a manner Jonker, Lëtzebuerger an Auslänner, Résidanten a Frontalieren, Entrepreneuren a Salariéen...

Zil vun « 2030.lu - Ambition pour le futur » ass et all Mënsch deen zu Lëtzebuerg lieft oder schafft, opzeruffen, konstruktiv Virschléi fir d'Zukunft vum Land ze man. Et ass eng oppen an onofhängeg Initiative, déi hier Resultater am Hierscht 2013 virstelle wäert.

« 2030.lu - Ambition pour le futur » gëtt vu ganz ville Perséinlechkeeten aus all Denkrichtunge vun der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft ënnerstëtzt. Well jidderee matmaachen a matschwätzen däerf a soll, gehéiert « 2030.lu - Ambition pour le futur » weder enger Organisatioun nach enger politescher Partei.

D'Resultat vun den Debatte wäerte kollektiv de Leit gehéieren, déi un der Initiative deel geholl hunn. « 2030.lu - Ambition pour le futur » gëtt logistesch a finanziell vun der Chambre de Commerce gedroen, déi sech awer net an Diskussiounen an d'Ausschaffe vun de Léisungsvirschléi amësche wäert.

D’Équipe hannert der Initiative “2030.lu – Ambition pour le futur” besteet aus folgende Leit :

  • Marc Wagener, Generalkoordinator
  • Patrick Ernzer, Responsabel fir d’Kommunikatioun
  • Pascale Kauffmann, Responsabel fir d’Presseaarbecht
  • Jérôme Merker, Redaktiounséquipe
  • Michel-Edouard Ruben, Redaktiounséquipe

Kontakt

Web : www.2030.lu
E-mail : info@2030.lu
Tel.: 8002 2323 (Gratisnummer)